Mat der Tannerie Radermecker hu mir e Partner fonnt, deen eiser Philosophie entsprecht.
Eist Lieder ass vegetabil, also planzlech veraarbescht, an domat antiallergen an emwëltfrëndlech hiergestallt.
Vu Kleng op schon vun den Päerd fasziniéiert, hun ech mir deemols schon gewënscht, net nemmen meng Fräizäit, mee och meng Aarbecht dësen Déieren zouschreiwen ze kënnen.
Mat der Grënnung vun Pony Adventure, der klenger Reitschoul vu mengen Elteren, huet sech d'Handwierk als Hobby entwéckelt, do war ech 14 Joer aal.
No menger Première hei zu Lëtzebuerg, hun ech 3 Joer Ausbildung an Rheinland-Pfalz gema. An zwee verschidden Betriber hun ech d'Veraarbeschtung vum Lieder an d'Suedelupassung geléiert.
Als diploméiert Reitsportsuedlerin sin ech zreck an menger Heemescht an hun hei mat mengen Elteren Poons&Paws gegrënnt.
Eis Alternativen zum Lieder.
Am Verglach zum Lieder sin dës Materialer méi einfach ze pflegen. Eng Ronn an d'Wäschmaschin, an schon gesin se aus wéi nei!
Niewt der einfacher Pflege sin se idéal fir Hënn déi gäe Schwammen, oder déi ganz aktiv ennert eis, déi och bäi Reen dobaussen sin!
Dozou sin se an vill verschidden Faarwen erhältlech an kënnen openeen oofgestëmmt gin - zum Halsband déi passend Léngt, zum Halfter den Stréck an Halsrang.
Do ass fir jiddfereen eppes passendes dobäi!
Zu onserem Handwierk zielt och d’Suedelupassung fir äert Päerd. Mat onserem Service op der Plaatz stelle mir secher, daat den Suedel perfekt sëtzt an dem Päerd optimale Comfort bidd. Mir léen groussen Wäert drop, daat den Suedel zu senge Méiglechkeeten sur Place verännert gëtt an och no Upassung am Atelier vun eis um Päerd iwwerpréift gëtt.