Poons&Paws fusionéiert mat Pony Adventure Sàrl!

Suedlerei an Ponyaktivitéiten am Häerzen vum Mëllerdall

Wichteg Info


Mir fréen eis, Ierch matzedeelen, daat Pony Adventure Sàrl an Poons & Paws Sàrl fusionéiert hun!🐴

Pony Adventure huet also elo seng eegen Suedlerei!


Waat heescht daat fir Ierch?

Poons & Paws gett zu Marina‘s Saddlery:


Dir kënnt weiderhin op eis Expertise am Suedelverkaaf, der Suedelupassung an den Reparaturen zielen. Mir stellen sëcher, daat äere Suedel zu Ierch an äerem Päerd passt🐴


Äeren Uspriechpartner ass an bleiwt d‘Marina (621 43 43 88)

Pony Adventure:


Mir bidden weiderhin eis pädagogesch Aktivitéiten mat Kanner an Ponien un. Eis Abonnementer pro Schoultrimester sou wei eis PonyDays an den Schoulvakanzen bleiwen wei gewinnt!🐴👧🏽👦🏽


Äeren Uspriechpartner ass an bleiwt d‘Dorothée (691 799 886)☺️

Duerch dës Zesummenaarbecht kënnen mir Ierch eng emfaassend Offer an en besseren Service bidden!


Mir bedanken eis fir äert Vertrauen an fréeen eis op vill spannend gemeinsam Erliewnisser!


Äert Team vun Pony Adventure mat Marina‘s Saddlery